7. Mee
Ausgesinn
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | ||
6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 |
13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 |
20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 |
27 | 28 | 29 | 30 | 31 | ||
2024 |
De 7. Mee ass den 127. Dag vum Joer (128. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1714: D'éisträichesch Truppen iwwerhuelen d'Festung Lëtzebuerg.
- 1870: 12 Doudeger bei engem Zuchongléck an der Dummeldenger Gare, wéi e Marchandisenzuch op e Persounenzuch geknuppt ass, deen do stoung.
- 1875: Japan tauscht mat Russland Territoiren: De Süde vun der Insel Sachalin geet u Japan, Russland kritt déi 18 Kurilen-Inselen an d'Plaz.
- 1945: De Generaloberst Alfred Jodl, Chef vum État-major vun der Wehrmacht, ënnerschreift d'Kapitulatioun ouni Konditioune vun Däitschland (effektiv den 8. Mee, 23:01 Auer).
- 1954: D'Franséisch Truppe verléieren d'Schluecht vun Điện Biên Phủ, Ufank vum Enn vum Indochinakrich.
- 1958: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bern 2:2 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Mond a Vic Nurenberg geschoss.[1]
- 1993: Den Ezer Weizmann gëtt Staatspresident vun Israel.
- 1995: De Jacques Chirac gëtt zum Staatspresident vu Frankräich gewielt.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
David Hume
-
Otto Wilhelm von Struve
-
Johannes Brahms
-
Pjotr I. Tschaikowski
-
Gary Cooper
-
Evita Perón
- 1711: David Hume, schottesche Philosoph an Historiker.
- 1769: Giuseppe Farinelli, italieenesche Komponist.
- 1799: Auguste Engelspach-Larivière, belsche Geolog a Mineralog.
- 1819: Otto Wilhelm von Struve, däitsch-balteschen Astronom.
- 1833: Johannes Brahms, däitsche Komponist.
- 1840: Pjotr Iljitsch Tschaikowski, russesche Komponist.
- 1854: Mathias Kraus, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Libraire.
- 1861: Rabindranath Tagore, bengaleseschen Auteur a Museker; Literaturnobelpräisdréier.
- 1867: Władysław Reymont, polnesche Schrëftsteller; Literaturnobelpräisdréier.
- 1874: Jean Gérard, Lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1889: Lou Koster, lëtzebuergesch Komponistin a Pianistin.
- 1892: Josip Broz Tito, jugoslawesche Partisane-Chef a spéidere Staatspresident.
- 1901: Gary Cooper, amerikanesche Schauspiller.
- 1903: Pierre Kuhn, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1908: Jean-Pierre Frisch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1913: Nicolas Touba, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1919: Eva Perón (Evita), argentinesch Politikerin.
- 1923: Anne Baxter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1926: Léon Kinsch, lëtzebuergesche Journalist.
- 1933: Marthe Bigelbach-Fohrmann, lëtzebuergesch Politikerin an Deputéiert.
- 1937: Pierre Schintgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1938: Ivan Rassimov, italieenesche Schauspiller.
- 1938: René Wagner, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 1939: Sidney Altman, kanadesch-US-amerikanesche Molekularbiolog.
- 1939: Ruud Lubbers, hollännesche Politiker, Ministerpresident.
- 1947: Emmanuel Krivine, franséischen Dirigent.
- 1948: Marc Agosta, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 1956: Jan Peter Balkenende, hollännesche Politiker, Ministerpresident.
- 1961: Henri Kox, lëtzebuergesche Politiker.
- 1968: Traci Lords.
- 1980: Ben Scheuer, lëtzebuergesche Politiker.
- 1982: Sally Barthel, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1987: Laura Daco, lëtzebuergesch Botanikerin a Volleyballspillerin.
- 1993: Raphael Gindt, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 2000: Eden Alene, israeelesch Sängerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 973: Otto I., de Groussen, ostfränkesche Kinnek an éischte Keeser vum Hellege Réimesche Räich (HRR).
- 1617: David Fabricius, Theolog, Astronom a Kartograph.
- 1811: Richard Cumberland, englesche Schrëftsteller.
- 1825: Antonio Salieri, Komponist an Dirigent.
- 1840: Caspar David Friedrich, däitsche Moler.
- 1871: Théodore Goerens, lëtzebuergesche Professer.
- 1879: Charles De Coster, belsche Schrëftsteller.
- 1893: Léon Namur, Apdikter zu Iechternach.
- 1932: Paul Doumer, President vun der franséischer Republik.
- 1941: Nicolas Ries, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur.
- 1950: Jean-Baptiste Sax, Direkter vun der Steier- Akzisen a Kadasterverwaltung.
- 1982: Alfred Adam, franséische Schauspiller.
- 1985: Dawn Addams, englesch Schauspillerin.
- 1987: Auguste Moneta, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1987: Colin Blakely, nordiresche Schauspiller.
- 1997: Roger Steffen, lëtzebuergesche Moler.
- 2000: Douglas Fairbanks Jr., US-amerikanesche Schauspiller.
- 2007: Diego Corrales, amerikanesche Boxer.
- 2012: Nathalie Nerval, franséisch Schauspillerin.
- 2013: Ray Harryhausen, US-amerikanesche Filmproduzent an Tricktechniker.
- 2013: Lotte Koch, däitsch Schauspillerin.
- 2015: Thomas Engel, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2018: Maurane, belsch Sängerin.
- 2018: Ermanno Olmi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 7. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |